Gemengeplang 60+
#senior Aktiounen fir op d'Besoin'en vun de Leit iwer 60 z'äntwerten
Participez au sondage pour contribuer vos idées pour un "mieux vieillir" à Strassen.
Questionnaire 60+
Am Kader vum Gemengeplang 60+ wëllen de Buergermeeschter an de Schäfferot vun der Gemeng Stroossen an Zesummenaarbecht mat der Sozial- an 3. Alterskommissioun souwéi dem Club Senior Stroossen, déi zukünfteg Aktiounen esou gutt wéi méiglech un d'Besoinen an d'Erwaardunge vun de Bierger a Biergerinnen, déi 60 Joer a méi al sinn, upassen. Mat dësem Questionnaire schwätze mir verschidden Themen am Hibléck op d'Wuelbefannen an e bessert Liewen an der Gemeng Stroossen un. Är Äntwerten hëllefen eis, Offere vun Aktivitéiten a Servicer wéi och zukünfteg Projeten ze plangen.
All d’Bierger:innen iwwer 60 Joer aus der Gemeng Stroossen kënne bei der Ëmfro matmaachen. D‘Ëmfro ass anonym, keng vun den Äntwerte gëtt individuell benotzt. Déi ausgefëllte Pabeiersquestionnaire gi vum Club Senior iwwerdroen. D'Donnéeë gi vun den externen a spezialiséierte Fournisseuren "de Reso sc." an der "Agence Indivisible" gespäichert an traitéiert fir d'Analys, déi a Form vun engem Rapport der Gemeng an dem Club Senior präsentéiert wäert ginn. Dëse Rapport wäert als Basis fir zukünfteg Aktiounen déngen.
Kontrolléiert w.e.g. datt Dir all d'Froen adequat beäntwert hutt, respektéiert de Minimum u gewielte Optiounen an de Maximum vu méigleche Choixen. Är Froen goufen berücksichtegt wann e gréngt Feld no der finaler Soumissioun erschéngt, déi seet: "Dir hutt de Questionnaire schonn geäntwert". Wann dat net de Fall ass, gitt w.e.g. nach eng Kéier duerch all Questionnaire a passt op d'Indikatiounen a rouder Schrëft ënnert all Fro op.
Fragebogen geschlossen
Der Fragebogen ist geschlossen und kann nicht beantwortet werden.